Retour aux communes

Roeser

  • 369232-1
    • 40, Grand-Rue
    • L-3394 Roeser

Programme de Roeser lors de la Semaine européenne de la mobilité

  • Saturday 10 September

    10.09-30.09 : Tour du Duerf
    Enregistrez-vous et participez!
    tourduduerf.lu

  • Friday 16 September

    08:45 Auer ab Gare Bierchem (a Richtung Stad)
    En Tour mam ëffentlechen Transport quer duerch d’Land
    Den Tour geet vu Bierchem an d’Stad. Hei maache mir en 1. Tëschestopp bei enger gudder Taass Kaffi. Duerno geet et weider mat Bus an Zuch bis op Veianen, wou mir e gudde Maufel an déi schéi Vue op d’Our genéissen. De Retour ass am spéide Mëtteg zu Bierchem.

    10:00 Auer zu Bierchem am Club50+ Eist Heem
    Qi Gong mam Volker Bänsch

  • Saturday 17 September

    10:00-16:00 Auer zu Beetebuerg op der Kierchplaz
    Vëlooccasiounsmaart / Expo a Verkaf vu second-hand Vëloen
    D’Aschreiwung ass obligatoresch bis Freides, de 16. September um 12:00 Auer bei VëLokal per Telefon um 691 464 645 oder iwwert de Site: https://www.bikeandride.lu/bettembourg-event Dir kënnt eis Äre Vëlo ab 10:00 Auer op der Kierchplaz laanscht bréngen an e bis spéitstens 16:30 Auer siche komme wann en net verkaf ginn ass.

    14:00-16:30 Auer zu Beetebuerg op der Kierchplaz
    Repair Café
    Wat maache mat: Engem CD-Player, wou den Tirang klemmt, engem Toaster, deen net méi geet oder mat engem Pullover, dee Lächer huet? Am Repair Café kënnen all dës Boboën zesumme mat engem fräiwëllege Fléckert gekuckt, analyséiert a meeschtens och gefléckt ginn. De Repair Café ass gratis, kann awer gären mat engem klenge Geste an d’Kaffiskeess ënnerstëtzt ginn.
    Fir weider Informatiounen: ecologie@bettembourg.lu / ecologie@roeser.lu / www.repaircafe.lu

  • Monday 19 September

    19:30 Auer zu Beetebuerg am Festsall vun der Gemeng
    Konferenz mam David Everard
    Laang Joeren huet den David Everard zu Lëtzebuerg d’Mobilitéitswoch koordinéiert a wees also vu wat hie schwätzt. Op seng eegen, sachlech, kuerzweileg an humoristesch Aart a Weis, deelt den David Everard deen Owend seng Gedanken zum Thema vun der Mobilitéiswoch mat eis. No der Konferenz offréiert d’Gemeng Beetebuerg e Patt.

  • Tuesday 20 September

    09:15 Auer ab Kirchberg “Luxexpo Quai 3” (Bus 321) oder
    09:45 Auer ab “Routscheed” bei der Schwämm
    Footing: Nidderaanwen
    Vun der Schwämm vun Nidderanven aus geet et op e mëttelschwéieren Tour vun 8 km. An der Mëttesstonn geet et zesummen iesse fir den Tour ofzeschléissen. De Retour an de Réiserbann ass nom Mëttegiessen.

  • Wednesday 21 September

    09:15 Auer op der Gare zu Bierchem
    Vëlostour: Waasserbëlleg – Saarburg (+/- 50 km)
    Haut geet et mam Vëlo vu Waasserbëlleg aus op Saarburg an erëm zeréck. De ganzen Tour huet +/- 50 Kilometer. Zu Saarburg maache mer eng kleng Paus a stäerken eis bei engem klénge Mauffel.

  • Saturday 24 September

    09:30 Auer op der Gare zu Bettembourg
    Trëppeltour a Schmaachmaart
    Vun der Gare zu Beetebuerg geet et zu Fouss op Peppeng an de Klouschtergaart. Ënnerwee kréie mir eng Visitt am Gemeinschaftsgaart zu Beetebuerg an um Enn vum Tour kënnen am Klouschtergaart lokal a regional Produkter geschmaacht ginn. De Wee ass net all ze schwéier, mä well en iwwert Bëschweeër geet, sinn Offroad-Poussette mat e bësse méi grousse Rieder vu Virdeel.

    11:00-16:00 Auer zu Peppeng am Klouschtergaart
    Schmaachmaart
    Am Klouschtergaart stelle Produzenten aus der Gemeng an aus der Regioun hir Produkter fir. Mir lueden iech an no Häerzensloscht ze kucken, ze schmaachen an ze riche wat et fir gutt Saache ginn. Vun Uebst a Geméis iwwert Fleesch bis zu Wäin a Béier kann deen Dag geschmaacht ginn.